A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Den Iechternacher-Léiw huet seng Platz fonnt

02-03-2020

Um leschten Donneschden konnten eng Partie vun den Jonker aus dem Jugendhaus vu Gaasperech den Iechternacher-Léiw un d’Gemeng iwwerdroen.

Am Kader vum Projet « D’Léiwe brëllen ! » goufen 12 Léiwen gemaach, déi déi 12 Kantonen vu Lëtzebuerg symboliséieren. D’Expositioun hat en groussen Succès an gouf wärend Wochen am Biergerzenter ausgestallt. Fir dem ganzen eng Kontinuitéit ze ginn, hunn déi Jonk sech iwwerluecht, d’Léiw un déi respektiv Gemengen ze verschenken.

Déi Jonk waren frou, um Donneschden kenne den Léiw un d’Gemeng Iechternach ze iwwerginn an krutten en Buch vun der Gemeng als Merci geschenkt.