A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Den Fakelzuch mol anescht

24-06-2021

D’Jonker aus dem Jugendhaus vu Gaasperech huelen gewéinlech all Joer um Fakelzuch deel. Duerch di aktuell Situatioun gouf deen allerdéngs fir dëst Joer ofgesot.

Di Jonk hunn sech dunn iwwerluecht, en alternativen Fakelzuch ze organiséieren : d’Jonker hunn dofir kléng Plakater gemaach an sinn en Tour duerch den Quartier Gaasperech maachen gaangen. Dobäi, konnten si mat enger Partie Noperen schwätzen an hinnen hiren mobillen Fakelzuch weisen.

Dono sinn mir dunn zesummen eng Pizza iessen gaangen fir eisen Nationalfeierdag ze zelebréieren.