A+
A
A-

Maison des jeunes Mersch – Fit fürs Babysitten

06-11-2025

De 4. an de 6. November huet am SoNo-Café d’Formatioun „Fit fürs Babysitten“ stattfonnt. Dës Formatioun riicht sech u Jugendlecher, déi interesséiert sinn, Verantwortung ze iwwerhuelen an sech als Babysitter ze engagéieren.

An engem ofwiesslungsräiche Programm hunn d’Participanten tëschent Theorie, Praxis a spillereschen Elementer jongléiert. Si hunn sech ënnert anerem mat wichtege Froen a Situatiounen ausenee gesat wéi zum Beispill : Wat maachen, wann e Kand krank gëtt? Wéi reagéieren a Noutfäll? A wéi funktionéiert ee Basis-Éischt-Hëllef-Cours?

D’Formatioun huet net nëmme wichteg Kenntnisser vermëttelt, mee och d’Selbstsécherheet an d’Verantwortungsgefill vun de Jugendleche gestäerkt. A gudder Stëmmung an engem oppenen Austausch hunn si sech fit gemaach, fir mat Kompetenz a Vertrauen dës wichteg Aufgab ze iwwerhuelen.