A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – Summer Games

14-06-2021

D’Jugendhaus war mat 2 Ekippen zu Colmer-Bierg fir bei d‘Summer Games vun der Nordstadjugend mat ze maachen. De ganzen Dag laang iwwer goufen de Jugendleche verschidde Challenges proposéiert di si als Ekipp zesumme meeschtere missten. Dobäi gouf vill Sportlechkeet an och Geschéck vun de Jonke gefrot. De Schwéierpunkt vum Dag wuer Spaass an Teamgeescht ze weisen.