A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – projet jardin

03-05-2021

Eise Gaarde Projet konnt mam Fréijoer endlech rëm lassgoen. Ganz vill Geméis an och Blumme goufe vun de Jugendlechen ugeplanzt, e Prozess den immens vill Gedold wei och Feigefill verlaangt. Aarbecht am Gaart bréngt Jugendlecher dozou vill méi Zäit dobaussen ze verbréngen an eppes iwwert verschidde Planzen ze leieren; zum Beispill wéini Saison fir e bestëmmt Geméis ass. Déi Jonk si matresponsabel fir de Gaart a leiere domat ëmzegoen (reegelméisseg netzen, Onkraut rappen, etc.).