A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – Ouschtereeëraktion

23-04-2021

Wei all Joer hunn sech di Jonk och dëst Joer rëm zesummegedoen fir Ouschtereeër verkafen ze goen. Ganz besonnesch ervirzehiewen ass di flott Eegendynamik déi sech am Laf vun dëser Aktivitéit am Grupp entwéckelt huet wou si ganz vill Initiativen an Entscheedungen eegeverantwortlech am Grupp geholl a gedroen hunn. Sou sinn zwou verschidde Generatioune vu Jonker am Prozess vum Eeër kafen, Eeër fierwen a verpake bis hin zum verkafen an de Stroossen vun der Stad Lëtzebuerg zu engem flotte Kollektiv gewuess an hu vill spannend a bestäerkend Begéinungen an Erfarungen op dësem Wee gemaach.