A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – opsichend Jugendaarbescht

17-07-2020

Vum 25. Mee bis de 15. Juli waren eis Kolleege vum Foyer Pinocchio am Jugendhaus Bouneweg mat dréi Kannergruppen ënnerbruecht. D’Personal vum Jugendhaus huet dofir verstäerkt Aktivitéiten dobaussen ugebueden. Virun allem am Park Kaltreis goufe vill Aktiounen organiséiert, wou ee  vill Jonker konnt mobiliséieren. Enner anerem goufe Volleyball, Basketball, Frisbee, Mölky an nach vill aner Fräizäitsportaarten ugebueden. Sou konnt Erzéierequipe de Lien mat de Jugendlecher bäibehalen an hir Visibilitéit am Quartier verstäerken.