A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – Christmas Charity

18-12-2018

Eng Grupp vu Studente vun der Uni Lëtzebuerg hat Iddi fir mat de Jonker vum Jugendhaus Bouneweg eng gemeinsam sozial Aktioun fir obdachlous Persounen ze realiséieren. An enger éischter Phase hunn si sech zesummen iwwerluecht wat genau déi Leit op der Strooss am Wanter am meeschte kéinte gebrauchen. Si hunn sech dann entscheed Decken an Kleeder fir si ze sammelen, hinne waarm Schockelasmëllech an Téi ze bréngen an si hunn fir si Kichelcher gebaakt. Eng flott Experience fir d’Studenten an déi Jonker vum Jugendhaus Bouneweg.