A+
A
A-

Maison de jeunes Mersch – Mierscher Chrëschtmaart

29-11-2025

Mir waren och dëst Joer mat engem gemittleche Chalet um Mierscher Chrëschtmaart vertrueden. Mat vill Freed hunn d’Jugendlecher hir frësch gebakene Pancakes ugebueden.

D’Jugendlecher vum Griicheland-Projet hunn zousätzlech hausgemaachte Müsli, schaarf Ueleg a Popcorn preparéiert, fir eppes fir hire Projet ze verdéngen, alles selwer gemaach a mat vill Engagement.

De Chalet gouf vun de Jonke selwer geleet : Si hunn geleiert als Grupp ze funktionéieren a Verantwortung ze iwwerhuelen.

An der warmer a festlecher Chrëschtmaart-Atmosphär ass séier kloer ginn : d’Jugend bréngt Léift, Energie an Zesummenhalt an d’Gemeinschaft.