Am Kader vun eisem Griicheland-Projet hunn d’Jugendlecher sech fir e weidere Workshop getraff. Den Dag huet mat engem gemeinsame Brunch ugefaangen, wat zu enger entspaanter Atmosphär an engem gudde Gruppengefill bäigedroen huet.
De Fokus luuch op Teambuilding an demokratesch Partizipatioun. D’Jugendlecher hunn zesummen gekuckt, wat jiddereen sech vun der Vakanz erwaart, wat perséinlech No-Go’s sinn a wat all eenzel Persoun zur gemeinsamer Rees bäidroe kann. Donieft goufen organisatoresch Punkten am Grupp gekläert an e klenge Presentatiounsvideo fir de Projet gedréint.
Zum Schluss huet d’Grupp gemeinsam Reegele fir d’Zesummeliewen a Griicheland ausgeschafft, déi am Airbnb opgehaange ginn. Dëst soll e respektvollen Ëmgang an e gutt Zesummeliewen während der Vakanz ënnerstëtzen.