A+
A
A-

Maison des jeunes Mersch – Griechenland Versammlung

03-11-2025

Bei eiser rezenter Versammlung, déi mir a Kombinatioun mat engem Brunch ofgehalen hunn, stoung d’Participatioun vun de Jonken am Mëttelpunkt. An enger entspaanter a frëndlecher Atmosphär hunn si aktiv un den Diskussiounen an Decisioune matgewierkt a sou d’Planung vun eisen nächste Schrëtt,  wéi d’Participatioun um Mierscher Chrëschtmaart, selwer matgestalt.

An engem demokratesche Prozess goufen zwee Jonker als Leader vun der Grupp gewielt, fir Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Stëmm vun de Jugendlechen ze vertrieden. Als Zeeche vun Zesummenhalt a Gruppeneenheet huet d’Equipe och en eegene Logo elaboréiert, mat deem T-Shirte fir déi ganz Grupp gestalt ginn.

Dës Aktivitéite weisen, wéi vill Wäert mir op Selbstbestëmmung, Zesummenhalt a lieweg Demokratie am Alldag leeën, an dat an enger motivéierender, oppener a respektvoller Gruppendynamik.