A+
A
A-

Maison des jeunes Mersch – Fit fürs Babysitten

10-04-2026

Den 9. an 10. Abrëll huet eis Babysitter-Formatioun am SoNo-Café stattfonnt.

Wärend dësen zwee Deeg hunn d’Jugendlecher vill wichteg Informatiounen, Tipps a praktesch Tricks ronderëm d’Babysitte mat op de Wee kritt. Nieft engem theoreteschen Deel gouf et och vill praktesch Aktivitéiten a Spiller, fir datt d’Formatioun lieweg an interaktiv bleift. Esou konnten d’Participanten sech net nëmme Wëssen uleeën, mee och konkret Situatiounen ausprobéieren.

En zousätzleche Schwéierpunkt louch op den éischten Hëllef-Moossnamen, fir datt d’Jugendlecher och a Noutsituatioune richteg reagéiere kënnen.

Mat hirem Babysitter-Diplom an der Hand sinn d’Jugendlecher elo prett, fir bei iech als Babysitter aktiv ze ginn. D’Lëscht vun eise Babysitter kënnt dir gären am Jugendhaus oder bei der Gemeng Miersch ufroen.