D’Maison de Jeunes war am HPPA (Altersheem) zu Miersch, wou d’Jugendlecher frësch gebakene Eisekuchen zerwéiert hunn. Et ware vill Bewunner*innen dobäi, an d’Freed war grouss – an natierlech war genuch fir jiddereen do, sou datt all Gäscht sech konnten eppes schmaache loossen.
D’Jugendlecher hu selwer organiséiert, ween baakt, ween zerwéiert a ween empfänkt d’Gäscht. Doduerch hunn si gewisen, wéi gutt si sech ofschwätzen an Verantwortung iwwerhuelen.
Am gemittleche Kader vum Altersheem ass en häerzlechen Austausch tëscht Jonken a méi eelere Leit entstanen. Et gouf gelaacht, erzielt an nogelauschtert, e schéine Moment vu géigesäiteger Wertschätzung.