D’Jonker aus dem Jugendhaus hunn als Fräiwëlleger um ING Marathon ausgehollef. Trotz dem net ëmmer optimale Wieder war d’Ambiance super an d’Motivatioun war ëmmer do.
Duerch esou Engagementer kënnen d’Jugendlecher aktiv um Gemeinschaftsliewen participéieren an Wäerter wéi Zesummenhalt a Verantwortung erliewen.
Eng flott Erfahrung war och d’Invitatioun vum Yoga-Studio nieft eisem Stand. Mir konnten un enger kuerzer Yoga-Sessioun deelhuelen. déi immens flott war! 🙂