Den 15.01.2026 hu mir zesumme mat der Schoul am Haus vun de Kanner e Liesowend organiséiert. D’Kanner haten d’Méiglechkeet, sech verschidde Geschichten virliese ze loossen.
D’Zil vum Liesowend war et, d’Freed um Liesen ze fërderen an d’Sproochkompetenze vun de Kanner op eng spilleresch Aart a Weis z’ënnerstëtzen. Duerch d’Virliëse goufen d’Fantasie an d’Virstellungskraaft ugeschwat, an d’Kanner konnten sech ganz bewosst op d’Geschichten konzentréieren an aktiv nolauschteren. Si konnten dofir gären am Pyjama oder gemittlech am Jogging kommen an hiren Petzi matbréngen. Dat huet de Kanner Sécherheet vermëttelt an zu engem Gefill vu Gebuergenheet bäigedroen. Gleichzäiteg gouf de soziale matenaner gestäerkt, well d’Kanner den Owend an enger gemittlecher Grupp erlieft hunn an sech an enger roueger an entspaanter Atmosphär wuel gefillt hunn.
De Verlag Kremart huet fir all Kanner aus dem Haus vun de Kanner Bicher gesponsert. Sou konnt all Kand e Buch mat heem huelen.
Parallel dozou hu mir zwee Atelieren fir d’Elteren organiséiert en as vum Zentrum fir politesch Bildung geleet gin sinn.Eng Mataarbechterin huet kuerz d’Aarbecht vum Zenter virgestallt, passend Bicher presentéiert an Iddien ginn, wéi een Kanner Geschichten virliese kann , och Bicher, déi net an der eegener Sprooch sinn. Dobäi huet si erkläert, wéi eng Kompetenze beim Kand duerch d’Virliése gefërdert ginn. Zousätzlech gouf d’Activity Box“ virgestallt an erkläert, fir wat dës gëeegent ass. Elteren a Kanner eng Villfalt u Iddien an Aktivitéiten fir eng bildschiermfräi Zäit doheem oder ënnerwee.
Schoul an SEA Personal vum Haus vun de Kanner hunn den Elteren d’Mediathek gewisen an erkläert, wat hannert dem Konzept vun der Mediathek stécht. D’Kanner hunn d’Méiglechkeet, Bicher auszeléinen an dës mat heem ze huelen. Donieft léiere si, wéi d’Bicher no Sproochen an Themen systematesch ageraumt ginn.