Wéi all Joer ginn d’Kanner an Begleeder aus dem Haus vun de Kanner op de Butzendag. Dësen Dag gëtt vun der LASEP („Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Fondamental“) schonn zënter e puer Joer an der Coque organiséiert a riicht sech un déi Jéngst am Alter vun dräi bis siwe Joer. Dobäi komme Kanner mat villen anere Kanner a Kontakt a loossen sech gären vun der allgemenger Beweegungsdynamik ustiechen.
D’Kanner konnten un engem Beweegungsparcours deelhuelen, wou si um Trampolin sprangen, balancéieren, rutschen a klotere konnten. Dobäi haten si d’Méiglechkeet, selwer Erfarungen ze sammelen an hir motoresch Fäegkeeten ze entdecken an auszebauen. Och Weitsprange war Deel vun den Aktivitéiten a gouf vun de Kanner mat vill Freed ausprobéiert. Zousätzlech goufen et verschidden Atelieren. Zum Beispill konnten d’Kanner un engem Danz mat faarwege Dicher deelhuelen oder bei Wuerfspiller matmaachen. Ausserdeem gouf et och e Sprangschlass, wou d’Kanner sech fräi beweege konnten an dobäi vill Freed un der Bewegung haten.
Op dës spilleresch Aart a Weis goufen d’Kanner un d’Beweegung erugefouert an hir Koordinatioun, Gläichgewiicht an Zesummenaarbecht gefuedert. Dës kooperativ Aktivitéiten a Spiller hunn d’Beweegungsatelieren pädagogesch besonnesch wäertvoll gemaach.
Als Highlight zum Schluss ass de Sporty, d’LASEP-Maskottchen, zesumme mat de Kanner e 200-Meter-Laf op der Pist vun der Coque gelaf.“