De Freiden, 7 Oktober sinn ronn 30 Leit vun der KPMG, am Kader vun hierem charity day, an eis Crèche schaffe komm, fir eis ee Baamhaus an ee « Baarfußweg » an de Gaart ze bauen.
Mueres an mëttes war allkéiers eng Equipe vun 15 Leit do, dei zesummen mat der Firma « ERLEBNISWERKSTATT SAAR » geschafft hunn.
D’Leit waren super motivéiert an hunn eng ganz gutt Aarbescht geleescht.
Ab 17h sinn d’Elteren dann och mat hiere Kanner nokomm vir eis Neiegkeeten am Gaart kënnen ze bewonneren.
Mer soen de Leit vun der KPMG an der Firma ERLEBNISWERKSTATT SAAR een ganz groussen Merci vir hir Aarbescht an Motivatioun, an och dem CIGL déi eis immens gehollef hunn andeems sie eis daat néidegt Material geléint hunn.
VILLMOOLS MERCI.
D’Kanner an d’Equipe vun der Escher Kannervilla sinn immens frou!!!