A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Kollekt fir d’Ukrain

15-04-2022

Op Initiativ vun der Gemeng Sandweiler huet Jugendhaus zesummen mat der intergenerationeller Kommissioun eng Kollekt fir Leit aus der Ukrain gestart. Dëst huet an Zesummenaarbecht mat er asbl “Lukraine” statt fonnt. Vum 10 bis den 15 Mäerz konnten Awunner aus der Gemeng ënnerschiddlech Saachen wéi Konserven, Pampers, Schlofmaterial an villes méi an Jugendhaus bréngen. Dëst gouf vun eisen fräiwëllegen Hänn verpak an vun der Gemeng dono op den Kierchbierg bei Ofhuelstatioun bruecht. Am ganzen hunn mir 104 Këschten gefëllt kritt. Mir waren all iwwerwältegt vun deem groussen Zoulaf an der Solidaritéit déi Leit eis entgéint bruecht hunn. Souguer eis Noperen sinn komm an hunn sech gemellt fir eng Hand unzepaken oder hunn mat professionellem Material ausgehollef. Dës 5 Deeg waren en schéinen Akt vun Solidaritéit an Nächstenliebe. Eng kleng Handlung fir eis, eng grouss Hëllef fir Leit aus der Ukrain.

Mir soen jidderengem en groussen Merci, deen Deel vun där Kollekt war.