A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Tournoi Kicker

28-01-2021

Den 28. Januar huet d’Jugendhaus InMove zu Neiduerf ee Kicker Tournoi organiséiert.  De Kicker ass fir di Jonk am Jugendhaus eng beléift Sportaart fir sech ënnerteneen ze ameséieren, géint eneen unzetrieden an dobäi hier motoresch Fäegkeeten, am Spill, kennen ze developpéieren.

Den Tournoi huet mat 6 Spiller statt fonnt. Di 6 Jonker, aus verschidden Altersgruppen, sinn géint eneen ugetrueden, an et goufen am ganzem 9 Matcher gespillt. No 2 Stonnen wuer des flott Aktivitéit eriwwer, an den Gewënner konnt ee Wander Pokal mat heem huelen. Den Tournoi wäert an Zukunft all 6 Wochen widderholl ginn, an den Pokal gëtt dobäi  op neits agesat.