A+
A
A-

Haus vun de Kanner Sandweiler – Kichelcher vir de Kleeschen baacken

04-12-2025

Mir hunn zesumme mat de Kanner Kichelcher extra fir de Kleeschen gebak. Zesummen hu mir mat de Kanner driwwer geschwat, datt de Kleeschen an der Nuecht kënnt an datt hien sech iwwer e klengt Merci freeë géif. Doduerch gouf d’Virfreed op de Kleeschen gefërdert an de Gedanke vum Deelen an Dankbarkeet vermëttelt.

Beim Baken hunn d’Kanner déi verschidde Liewensmëttel kennegeléiert an se ofgewiicht. Duerno konnten si den Deeg knieden an d’Kichelcher mat verschiddene Formen ausstiechen, wat hinnen vill Freed gemaach huet. Dës Aktivitéit huet d’Feinmotorik, d’Koordinatioun an d’sensoresch Wahrnehmung gestäerkt. Gläichzäiteg hu si geléiert, zesummen an der Grupp ze schaffen.

No der Bakszäit hu mir d’Kichelcher dekoréiert an an eng Këscht geluecht, fir se dem Kleeschen hinzestellen. D’Kanner konnten hir Kreativitéit ausliewen an hu geléiert, Gedold ze hunn an ofzewaarden, bis d’Kichelcher fäerdeg waren.

D’Kanner ware ganz motivéiert a stolz, well si eppes Schéines fir de Kleeschen gemaach hunn. D’Aktivitéit huet d’Selbstvertrauen, d’sozial Kompetenzen an d’Freed um gemeinsame Schaffe gefuedert.