An eiser Kannerversammlung kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, sech aktiv un Entscheedungsprozesser am Alldag ze bedeelegen. Dës Versammlung bitt e feste Raum fir Partizipatioun, mat deem Zil, de Kanner ze weisen, dass hir Stëmm a Meenung wichteg ass an eppes beweege kann. Dëss Versammlungen fannen am prinzip 2 mol den Mound statt.
An de Reunioune ginn ënnerschiddlech Themen ugeschwat, wéi z. B. Wonschaktivitéiten während de Vakanzen, matbestëmmung vun der Raumgestaltung, Wonschmenüen, wou och iwwer gesond Ernierung geschwat gëtt. D’Kanner kënnen hei zesummen iwwerleeën, proposéieren reflekteieren an demokratësch entscheedungen treffen, . Duerch dat gemeinsaamt Ofstëmmen kënnen ,demokratesch entscheedungen getraff gin esou erliewen d’Kanner wat et heescht, Verantwortung ze iwwerhuelen an Entscheedungen am Grupp ze treffen.
D’Maison Relais stellt fir all 3 Cycle dräi anonym Boxen zur Verfügung eng dovune befënd sëch am Cycle 4 Sall . Dës Boxe bidden de Kanner eng weider Form vu Matbestëmmung an Partizipatioun, déi hinnen erméiglecht, hir Gedanke, Iddien oder Suergen fräi a sécher auszedrécken ouni et mussen ze verbaliséieren.
Duerch dës Strukture kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, sech anonym matzedeelen , sief et eng Wonschaktivitéit, eng Meenung zu engem bestëmmte Sujet, eng Suerg oder eng perséinlech Erfarung, déi si léiwer net am Grupp deele wëllen. Dëst Instrument ënnerstëtzt besonnesch déi Kanner, déi sech net trauen, hir Gedanke an enger Versammlung oder vis-à-vis vun anere Kanner ze soen.
Déi anonym Boxe droen dozou bäi, e Vertrauensraum ze schafen, an deem d’Kanner erliewen, dass hir Gefiller a Gedanke eescht geholl ginn ,och dann, wann se se net direkt ausdrécke wëllen. D’Kanner léieren, dass et verschidde Weeër gëtt, fir seng Meenung ze weisen, an dass all Form vu Matdeelung wichteg a wäertvoll ass.
Déi vun de Kanner agereecht Messagen/Themen an Iddien ginn respektvoll behandelt a fléissen, jee no Thema, an nei Kannerversammlungen, Teamversammlungen, Projeten oder individuell Gespréicher mat an. Doduerch gëtt kloer gewisen, dass och den Kanner hier Iwwerleeungen Wierkung a Bedeitung hunn.
Dëst Konzept stäerkt net nëmme d’Selbstbestëmmung an Verantwortungsbewosstsinn vun de Kanner, mee och Partizipatioun.
Doduerch léieren d’Kanner verschidde Forme vu demokratescher Matbestëmmung kennen, a spieren, dass all Meenung gezielt gëtt.
E wichtege pädagogesche Schwéierpunkt läit dobäi op Respekt, Toleranz an Zesummenhalt. An dësem geschützte Kader léieren d’Kanner, hir eegen Iddien a Meenungen fräi a konstruktiv auszedrécken, an och deenen anere nozelauschteren an se ausschwätze ze loossen.
D’Kannerversammlung fördert domat net nëmmen sozial Kompetenzen, mee och emotional Entwécklung vun de Kanner. Si erliewen, wéi wichteg et ass, Verantwortung ze droen, gemeinsam Decisiounen ze huelen an no Wäerter wéi Fairness, Respekt an Zesummenhalt ze handelen.
—–
Lors de l’assemblée des enfants, les enfants ont la possibilité de participer activement aux processus de décision de la vie quotidienne. Cette assemblée offre un espace fixe pour la participation, avec l’objectif de montrer aux enfants que leur voix et leur opinion sont importantes et peuvent avoir un impact. Ces réunions ont lieu en principe deux fois par mois.
Pendant ces rencontres, différents thèmes sont abordés, tels que les activités souhaitées pendant les vacances, la participation à l’aménagement des salles, ou encore les menus souhaités, ce qui permet également de parler d’alimentation équilibrée. Les enfants peuvent y réfléchir ensemble, faire des propositions, échanger et prendre des décisions démocratiques. Grâce aux votes collectifs, ils expérimentent ce que signifie assumer des responsabilités et prendre des décisions en groupe.
La Maison Relais met à disposition pour chacun des trois cycles trois boîtes anonymes, dont une se trouve dans la salle du cycle 4. Ces boîtes offrent aux enfants une autre forme de participation, leur permettant d’exprimer librement et en toute sécurité leurs pensées, idées ou préoccupations, sans avoir à les verbaliser.
Grâce à ce dispositif, les enfants peuvent communiquer anonymement, qu’il s’agisse d’une activité souhaitée, d’une opinion sur un sujet particulier, d’une inquiétude ou d’une expérience personnelle qu’ils préfèrent ne pas partager en groupe. Cet outil soutient particulièrement les enfants qui n’osent pas exprimer leurs pensées lors d’une assemblée ou face aux autres.
Les boîtes anonymes contribuent ainsi à créer un climat de confiance, où les enfants vivent le fait que leurs émotions et leurs pensées sont prises au sérieux, même lorsqu’ils ne veulent pas les exprimer directement. Ils apprennent qu’il existe différentes manières de faire entendre sa voix et que toute forme d’expression est importante et précieuse.
Les messages, thèmes et idées déposés par les enfants sont traités avec respect et sont intégrés dans de nouvelles assemblées d’enfants, des réunions d’équipe, des projets ou des échanges individuels. Cela montre clairement que les réflexions des enfants ont une influence et une signification réelles.
Ce concept renforce non seulement l’autonomie et le sens des responsabilités des enfants, mais aussi leur participation active.
Ainsi, les enfants découvrent différentes formes de participation démocratique et ressentent que chaque opinion compte.
Un point pédagogique essentiel réside dans la mise en avant du respect, de la tolérance et de la solidarité. Dans ce cadre sécurisé, les enfants apprennent à exprimer librement et de manière constructive leurs idées et opinions, à écouter les autres et à leur laisser la parole.
L’assemblée des enfants favorise donc non seulement les compétences sociales, mais aussi le développement émotionnel des enfants. Ils apprennent l’importance d’assumer des responsabilités, de prendre des décisions collectives et d’agir selon des valeurs telles que l’équité, le respect et la cohésion.