A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Smartphone Café

31-01-2020

Den Projet Stay Connected, deen mir zesummen mam Club Syrdall op Been gestallt hunn, ass well voll am Gaang. Gëschter huet eisen éischten Smartphone Café statt fonnt. Begréissung huet Mara vun „Golden Me“ vun der Uni Lëtzebuerg gemaach. Hatt huet den Projet vun den Smartphone Cafés realiséiert an ass erfollegräich am Lëtzebuerger Land ënnerwee. Jonk an al kruten gëschter en Abléck doranner, wat genau een Smartphone Café ass an wéi dat ofleeft. Déi méi eeler Generatioun kann mat hiren Froen zu Handy, Social Media oder Tablett déi Jonk Leit uschwätzen. Eis Jugendlecher hunn dunn hiert Wëssen un Leit vum Club Syrdall weider ginn. Et war een flotten Austausch, wou grouss an kleng konnten eppes vuneneen léieren.