A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Partizipatioun am Alldag

18-11-2025

Wéi gesäit Partizipatioun am Alldag am Jugendhaus zu Sandweiler aus?

Den Prinzip vun der Partizipatioun fänkt bei eis scho mat Kléngeschkeeten un, wéi bei der Entscheedung, wat mir dësen Freiden kache sollen oder wéieng Faarf eisen Hannergrond um iPad soll hun.

Duerch déi banal Entscheedungen, déi eis Jugendlecher treffen, hu mir bemierkt, dass all Veränerung am Jugendhaus déi Jonk interesséiert an dass si sech ëmmer méi bedeelege wëllen am Alldag vum Jugendhaus. Duerch dat Engagement vun eisen Jonken kënnen mir mëttlerweil vill méi Saachen op d’Been stellen, well si d’Jugendhaus net méi just als eng Struktur gesinn, mee als hier Struktur, wou d’Erzéier mat hinnen Entscheedungen treffen an net amplaz vun hinnen.

Zousätzlech involvéiere mir eis Jugendlecher aktiv an der Planung vun all eisen Evenementer, Aktivitéiten an Projeten. Fir dëst nach méi strukturell a motivéierend ze maachen, plangen mir 2026 d’Grënnung vun engem Jugendkomité. Dëse Komité wäert aus engem President, engem Tresorier, engem Sekretär an de Memberen ab 15 Joer bestoen. D’Zil ass, dass d’Jonker net nëmmen aktiv am Jugendhaus sinn, mee och eng reell Pluvalue fir d’Struktur bréngen an hier Meenungen an Iddien an d’Entscheedungsprozesser integréiert ginn. Mat dësser Form vu systematescher Partizipatioun wëlle mir de Jonken d’Gefill ginn, dass si Hier Jugendhaus matgestalten, Aufgaben iwwerhuelen an aktiv zur Gemeinschaft bäidroen.

Dank dëser intensiv Partizipatioun gesin d’Jugendlecher sech als en integralen Deel vum Jugendhaus an identifizéieren domat. Nach ni hun sou vill Jonker fräiwëlleg un eisen Events matgehollef wéi dëss Joer. Dëst Engagement fänkt scho bei hirer Bedeelegung an der Organisatioun un, well mir hir Iddien opgräifen an ëmsetzen. Déi Jonk wëllen d’Jugendhaus no baussen vertrieden an weisen aktiv, wat mir alles maachen.