A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Parc Leh

11-09-2020

Eis Jonker waren an der Vakanz ganz sportlech ënnerwee. Jugendhaus selwer huet néit Sportsmaterial kritt, ënnert anerem een Basketkuerf. Dësen gëtt och mat vill Freed an Enthusiasmus benotzt. An der grousser Vakanz, war Jugendhaus mat den Jonke an den Kloterpark op Diddeleng, den Park Leh. Et ass lass gaangen mat enger Introduktioun an Secherheetsmoossnamen, wéi een sech richteg useelt, Secherheetsofstand an op wat en nach muss oppassen. Dono ass et direkt lass gaangen. Ënnerschiddlech Hindernissen stoungen eisen Jonken befier. Des hunn sie mat bravur gemeeschtert. Si hunn missten hier Ängscht deelweis iwwerwannen, awer och am Team schaffen an kucken datt se all duerch den Parkour kommen. Kommunikatioun an Motivatioun waren hei vill gefroot. Natierlech war och genuch kierperlech Ustrengung gefuerdert, sou datt si am Enn vum Dag sech gutt ausgepowert haten.