A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Opruff fir den Jugendcomité

16-01-2026

Fir d’Partizipatioun vun eise Jugendlecher weider ze stäerken, sichen mir motivéiert Jonker ab 15 Joer, déi Loscht hunn, sech méi aktiv an d’Liewe vum Jugendhaus anzebréngen.

Am Kader vun eiser partizipativer Aarbecht wëlle mir 2026 e Jugendcomité grënnen, an deem d’Jugendlecher eng wichteg Roll bei der Planung, Organisatioun an Ëmsetzung vun Aktivitéiten, Evenementer a Projeten iwwerhuelen.

De Jugendcomité besteet aus:

  • 1 President/in
  • 1 Tresorier/ière
  • 1 oder 2 Sekretär/innen
  • an de weidere Memberen

Als Member vum Jugendcomité kënnen d’Jugendlecher:

  • Aktivitéiten an Evenementer matplangen an organiséieren
  • Iddien afléissen loossen a bei Decisioune matbestëmmen
  • d’Jugendhaus no bausse representéieren
  • Verantwortung iwwerhuelen a gemeinsam Léisunge fannen
  • aktiv zur Weiderentwécklung vum Jugendhaus bäidroen

De Jugendcomité ass och e wichtegt Instrument fir demokratesch a politesch Bildung. D’Jugendlecher léieren:

  • hir Meenung ze soen an déi vun aneren ze respektéieren
  • gemeinsam Entscheedungen ze treffen (Diskussiounen, Ofstëmmungen)
  • Verantwortung an engem demokratesche System ze iwwerhuelen
  • wéi Participatioun, Matbestëmmung a Vertriedung funktionéieren

Sou erliewen d’Jugendlecher Demokratie net nëmmen an der Theorie, mee am Alldag, an engem séchere pädagogesche Kader.

🇫🇷 Afin de renforcer la participation des jeunes, nous recherchons des jeunes motivé(e)s à partir de 15 ans souhaitant s’impliquer davantage dans la vie de la structure.

Dans cette dynamique participative, nous souhaitons créer en 2026 un comité des jeunes, permettant aux jeunes de jouer un rôle actif dans la planification, l’organisation et la réalisation des activités, événements et projets de la MDJ.

Le comité des jeunes sera composé de :

  • 1 président/e
  • 1 trésorier/e
  • 1 ou 2 secrétaire(s)
  • et de membres

En tant que membre du comité des jeunes, les jeunes pourront :

  • participer à la planification et à l’organisation d’activités et d’événements
  • donner leur avis et prendre part aux décisions
  • représenter la maison des jeunes
  • prendre des responsabilités et travailler de manière collective
  • contribuer activement au développement de la MDJ

Le comité des jeunes constitue un outil central d’éducation à la démocratie et à la citoyenneté. Les jeunes y apprennent à :

  • exprimer leur opinion et écouter celle des autres
  • débattre, voter et prendre des décisions collectives
  • comprendre les principes de la représentation et de la responsabilité
  • s’engager activement dans la vie de leur structure

La démocratie est ainsi vécue de manière concrète et quotidienne, dans un cadre pédagogique sécurisé et accompagnant.