A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Nuit du Sport

11-06-2022

Nuit du Sport, ass well een festenBestanddeel am Planning vum Jugendhaus Sandweiler an der Gemeng Sandweiler. Dëst Joer haten mir och erëm en groussen Zoulaf an freeën eis iwwert eng Besicherzuel vun 246 Leit. Nuit du Sport ass eng Initiative fir Grouss an Kleng, wou Leit kennen nei Sportaarten kenneléieren an austesten. Dobäi steet den Spaass un der Beweegung am Mëttelpunkt.Elleng, ënnert Frënn oder mat der Famille, kommt jiddereen bei eis zu Sandweiler drun deel huelen. 4 ënnerschiddlech Siten waren dozouvirbereet ginn, op deenen Tennis, Squash, Badminton, Dëschtennis, Spinning, Salsa, Bachata, Parkour, Spikeball, Skate an BMX ugebueden goufe. Duerch Zesummenaarbecht vum Jugendhaus mat der Gemeng, den Scouten, den Sportsveräiner an der intergenerationeller Kommissioun kommt dësen Owend reiwungslos oflafen. Mir soen och en groussen Merci un eis Benevollen, déi eis den ganzen Dag eng grouss Ënnerstëtzung waren.