A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – My Urban Piano

10-06-2022

Den Projet “My urban Piano” ass well een festen Bestanddeel vum Jugendhaus Sandweiler.

My urban Piano ass een kënschtlerescht Konzept, wat  Piano’en am ëffentlechen Raum ausstellt. Dëst sollt Bierger aus Lëtzebuerg ronderëm Piano’en bréngen an fir een kënschtlereschen an musikaleschen Moment suergen. Piano’en sinn an ënnerschiddlechen ëffentlechen Platze duerch ganz Staat ausgestallt, an goufen vun verschiddenen Strukturen wéi Jugendhaiser, Maison Relais, Schoulen, Wunnstrukturen an Veräiner aus der Staat Lëtzebuerg dekoréiert.

Nieft dem musikaleschen Aspekt, steet natierlech bei dësem Projet den kënschtlereschen Aspekt am Virdergrond. All Piano stellt eng bestëmmten Thematik duer. Eisen Piano vum Jugendhaus Sandweiler soll Individualitéit vun all eenzelen Mënsch duerstellen. Jonker hunn sech dofir hier Lieblingscharakteren aus den Anime’en erausgesicht. Wisou Anime? All Animecharakter huet een individuellt Ausgesinn, mat senger eegener perséinlecher Fäegkeet. Eis Jonker wollten den Message vun der Individualitéit weider ginn, well dat dat ass, wat eis Mënschen vun eneen ënnerscheet. Jiddereen ass fir sech, op seng eegen Aart an Weis exzeptionell. Zemools an der Jugendzäit beschäftegen déi Jonk sech immens vill mat der Fro: Ween sinn ech?

Vum 03. bis den 19. Juni kënnt dir déi eenzel Pianoen an der Staat Lëtzebuerg kucken goen an natierlech och een Ständchen drop spillen 🙂

Eisen Piano fannt dir op der Place d’Armes beim Cercle Cité.