A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Grouss Botz

17-04-2021

Wéi all Joers, huet och dëst Joer, Jugendhaus Sandweiler bei der grousser Botz matgemaach, déi Samschdes den 17. Abrëll statt fonnt huet. Eis ass et wichteg, den Jonken aus der Gemeng den Wäert vun enger propperer Staat méi no ze bréngen an och si mat zeresponsabiliséieren, no hirer Ëmwelt ze kucken. Grad an Zäiten wéi dësen, déi mir am moment hunn, sollen mir méi op Solidaritéit an Zweschenmenschlechkeet opmierksam maachen; Dofir hunn eis Jonker sech entscheet hier Gemeng ze ënnerstëtzen. Och wann et dëst Joer ënnert engem aneren Kader ofgelaf ass, waren mir frou een Deel dovunner ze sinn an eiser Gemeng eppes konnten zréck ginn.