A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Gaart

19-05-2022

Duerch eisen Projet “be local” an eisen Kachatelier, deen all Freideg statt fënnt, wollten eis Jonker selwer Geméis usetzen. Si haten den Wonsch no frëschem an lokalem Geméis. Hinnen war och wichteg, datt Geméis net déi laang Transportweeër zréckleet, fir datt mir et kennen genéissen. Ausserdeem huet selwer ugesaten Geméis keng Gëftstoffer. Jonker hunn sech wärend dem Projet vill mam Uplanzen auserneen gesat an mir haten professionell Hëllef vun enger Gäertnerin, déi eis beim Projet déi richteg an wichteg Rotschléi ginn huet. Dermadder krut jiddereen vun eis nach Wëssen bäi. Mir freeën eis drop, eis eegent Geméis ze benotzen an et eis op der Zong zergoen ze loossen.