A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – End of Season Event

22-09-2021

Am Kader vum End of Season Event huet och dest Joer erëm d’Jugendhaus Sandweiler beim Gladiator Run deelgeholl. D’Event gouf zesummen mat den Jugendhaiser Mutfert, Réimech, Schëtter, Duelem, Cirje, Criaj an der Gemeng Sandweiler organiséiert.

Am Mëttelpunkt stoung den Gladiator Run, wou déi Jonk un hier kierperlech Grenzen komm sinn. Nieft dem groussen sportlechen Event, konnten déi Jonk sech nach un aneren Atelieren probéieren, wéi Beatboxing, Teqball, Spikeball an villes méi.

D’Wieder huet och matgespillt, sou datt dësen Dag een gelongent sportlech Event war mat vill Spaass an Freed.