A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Barcelona

01-11-2019

Dëst Joer ass Jugendhaus Sandweiler an der Allerhellgen Vakanz op Barcelona geflunn. Fir en Deel vun den Jugendlecher war et déi éischte Kéier datt si an den Fliger geklommen sinn😊 Opreegung an Virfreed waren um Fluchhafen schonn ganz grouss. Zu Barcelona selwer konnten si dann an déi spuenesch Kultur antauchen. Si waren Sagrada Familia, Rambla, den Fussballstadion, den Arc de triomphe, Barceloneta, Montjuïc, an villes méi besichtegen. Nieft der Architektur hunn si sech et kulinaresch och net entgoen gelooss, Spuenien kennen ze léiere. Mam Besuch vum Market de la Boqueria kruten si en intensiven Abléck an spuenescht Iessen. Wieder huet déi ganz Woch iwwer matgespillt, datt mir souguer en Dag op der Plage waren 😊