A+
A
A-

Jugendhaus River : Walk for Europe

18-05-2017

Samschdes den 13. Mee 2017 hat d’Jugendhaus River d’Éier beim « Walk for Europe » e Stand bei der Spillschoul vu Clausen ze vertrieden. De Stand selwer war en Checkpoint vun der deels 5 km, deels 9 km laanger Marche, déi hire Start um Kierchbierg hat. Eis Jonker hun do hier selwer gemaachte Cupcakes, déi se den Daach virdrunner gebaack hun, wéi och Smoothies, déi live um Stand virbereed gi sinn, un d’Leit bruecht a verkaf. Dat ganzt goung vu Moies 9 Auer bis Mëttes 5 Auer a war zudeem en groussen Erfolleg fir eis Jonker.