A+
A
A-

Jugendhaus Neiduerf – Trash Aktioun

25-03-2021

D’Jugendhaus In Move vun Inter-Actions zu Neiduerf, huet en Donneschden den 25 Mäerz 2021 eng Aktioun gestart, fir op den groussen Flu vun Offall  op eisen Stroossen an an eisen Bëscher opmierksam ze maachen. Dofir sinn mir mat engem Grupp vun Jonker zwou Stonnen ënnerwee gewiescht, an hunn 4 voll Tuten vun Offall opgesammelt. D’Jugendhaus In Move wäert dës Aktioun ee Mol all zweeten Mount duerchfeieren, a gläichzäiteg ee Workshopp zum Thema vum Plastik an eisen Mieren, organiséieren.

D’Equipe vum Jugendhaus In Move seet deenen Merci déi matgemaach hunn, souwéi der Stad Lëtzebuerg fir d’Material zur Verfügung ze stellen.