A+
A
A-

Jugendhaus Gaasperech – Halloweenowend

31-10-2023

 

Den 31. Oktober hunn sech d’Jugendlecher vir e flotten Halloweenowend am Jugendhaus vu Gaasperech getraff. Si hu mat enger gudder Raclette ugefaangen an hunn du méi spéit en Escape Game ganz am Thema vum Freddy Krueger geléist. Di Jonk waren an engem donkele Raum agespaart andeem se hu misse Rätsele léise vir dem Personnage ze entkommen. D‘ugespaant Atmosphär ass vu Gejäiz, nervösem Laachen a Schreckmomenter begleet ginn. Dat ganzt huet dofir gesuergt, dass et eng opreegend Experienz vir di Jonk war. Nodeems eis Jonker et fäerdeg bruecht hunn all d‘Rätselen ze léisen an dem Freddy Krueger ze entkommen, ass den Owend an enger entspaanter Ambiance a mat onvergiessleche Momenter zu Enn gaangen.