Dräi Klassen aus der Primärschoul Ardennen hunn zesumme mat hirem Léierpersonal e flotte Besuch am Jugendhaus gemaach. Dëse Besuch hat d’Zil, de Kanner d’Jugendhaus als oppenen a séchere Liewensraum virzestellen, an deem si sech och ausserhalb vun der Schoul kënnen entwéckelen. Wärend dem Besuch kruten d’Schülerinnen a Schüler en Abléck an déi verschidden Aktivitéiten an Offeren, déi am Jugendhaus ugebuede ginn. Besonnesch wichteg war et, de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, d’Raimlechkeeten an d’Ekipp kennenzeléieren. Doduerch kënnen eventuell Hemmschwellen ofgebaut ginn an d’Kanner fille sech méi sécher, falls si spéider un Aktivitéite wëllen deelhuelen.
De Besuch war gläichzäiteg Deel vun enger wichteger Transitiounsaarbecht. Et handelt sech ëm déi eelst Kanner aus der Grondschoul, déi an e puer Méint de Schrëtt an de Lycée maachen. An dëser Iwwergangsphas ass et wichteg, de Jonken zousätzlech Orientéierung a Begleedung unzebidden. D’Jugendhaus kann dobäi eng wichteg Roll spillen, well et e vertraute Kontaktpunkt ausserhalb vun der Schoul an der Famill duerstellt. Duerch de Besuch kruten d’Kanner d’Méiglechkeet, eng Plaz kennenzeléieren, déi si och no hirem Wiessel an de Lycée begleede kann. Sou gëtt de Passage vun der Grondschoul an déi nei Schoulstuf aktiv ënnerstëtzt an d’Kanner ginn op hirem Wee an eng nei Liewensphas gestäerkt.