A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Youth and Groove Festival

31-07-2026

D’Jugendhaus Bouneweg war dëst Joer mat engem eegene Stand um Youth & Groove Festival am Schluechthaus vertrueden. D’Jugendlecher hunn do mat vill Engagement Zockerwatt a Pannecher verkaaft, fir Suen fir hiren eegene Projet ze sammelen. Si hunn Verantwortung iwwerholl, Aufgaben ënnerenee verdeelt a sech géigesäiteg ënnerstëtzt. Doduerch konnten si wichteg Kompetenze wéi Teamgeescht, Kommunikatioun an Organisatiounsfäegkeete weiderentwéckelen. Esou Erfarunge stäerken d’Selbstvertrauen an d’Gefill vun Eegenverantwortung. Gläichzäiteg huet de Stand d’Méiglechkeet gebueden, mat Visiteuren a Kontakt ze kommen an d’Jugendhaus no baussen ze vertrieden. D’Festivalatmosphär huet en ideale Kader geschaf, fir Jugendlecher zesummenzebréngen an hir Kreativitéit an hiert Engagement sichtbar ze maachen. D’Participatioun un esou Evenementer ass e wichtegen Deel vun der non-formeller Bildung, well d’Léieren duerch praktescht Erliewe geschitt.