A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Transitiounsaarbescht

20-05-2026

D’Jugendhaus Bouneweg schafft zesumme mam Foyer Verger eng wichteg Transitionsaarbecht fir déi eelst Kanner aus der Maison Relais. Dës Transitioun betrëfft virun allem de Wiessel vun der Grondschoul an de Lycée. Fir vill Kanner bedeit dëse Schrëtt eng grouss Verännerung, well si ab deem Moment net méi vun enger Maison Relais no der Schoul betreit ginn. Am Géigesaz dozou ass d’Jugendhaus eng oppen Struktur, déi si fräiwëlleg besiche kënnen. Fir datt déi Jonk sech dobäi net eleng gelooss fillen, gëtt de Kontakt mam Jugendhaus schonn am Virfeld opgebaut. Duerch gemeinsam Aktivitéiten, Visitten an Austausch kënnen d’Kanner d’Raimlechkeeten an d’Equipe vum Jugendhaus kenneléieren. Sou kréien si eng sécher an vertrauensvoll Orientéierung fir hiren neie Liewensalldag. D’Mataarbechter aus béide Strukture begleeden dëse Prozess enk a passen sech un d’Besoinen vun de Kanner un. Och d’Eltere ginn informéiert an an d’Transitionsaarbecht mat agebonnen. D’Zil ass et, de Jonken eng positiv an stabil Iwwerganksphas ze erméiglechen, sou datt si sech am nächste Schouljoer net op sech eleng gestallt spieren.