A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Stand Belle Etoile

22-12-2025

Am Kader vun eiser Präsenz mat engem Stand an der Belle Etoile, iwwerhuelen d’Jugendlecher d’Verpakke vun de Kaddoen fir d’Clienten. Duerch dës Aktioun finanzéieren si hiert eegent Projet a sammelen dobäi wichteg Erfarungen a Verantwortung. D’Partizipatioun vun de Jugendleche steet am Mëttelpunkt, well si d’Aktioun ëmsetzen an aktiv matdroen. Hiert Engagement gëtt no bausse siichtbar a stäerkt d’Selbstvertrauen an d’Motivatioun. Gläichzäiteg dréit d’Initiativ zu engem positive Image vum Jugendhaus an och vun Inter-Actions bäi.