D’Jugendhaus Bouneweg huet viru kuerzem un engem Spillfest deelgeholl, dat vum Foyer Verger organiséiert gouf. D’Veranstaltung huet Kanner, Jugendlecher an hir Familljen zesummebruecht an e liewege Raum fir Spill, Austausch a gemeinsamt Erliewen geschaf. Gläichzäiteg war et eng wäertvoll Geleeënheet fir d’Jugendlech, sech aktiv anzebréngen an Verantwortung ze iwwerhuelen. E besonnesche Highlight war de Stand vum Jugendhaus Bonnevoie, deen vun de Jugendlechen selwer organiséiert a betreit gouf. Mat vill Engagement hu si do Crêpen a Zockerwatt verkaf, fir Suen fir hiert eegent Projet ze sammelen.
D’Virbereedung an d’Duerchféierung vum Stand louchen dobäi gréisstendeels an den Hänn vun de Jugendlechen: Vun der Organisatioun vum Material iwwer d’Festleeë vun de Präisser bis hin zur Kommunikatioun mat de Visiteuren hu si wichteg Aufgaben iwwerholl. Dës Form vu Partizipatioun stäerkt net nëmmen hiert Verantwortungsgefill, mee fërdert och sozial a praktesch Kompetenzen. Och vill Eltere waren um Fest dobäi an haten d’Méiglechkeet, den Engagement vun de Jugendlechen direkt ze gesinn.
Aus pädagogescher Siicht ass dëst e gutt Beispill dofir, wéi gelongen Partizipatioun ausgesäit: Wann Jugendlecher d’Méiglechkeet kréien, hir eege Iddien anzebréngen an ëmzesetzen, erliewen si Selbstwierksamkeet an Unerkennung. Si léieren am Team ze schaffen, Entscheedungen ze treffen an Erausfuerderungen ze meeschteren. D’Participatioun um Spielfest am Foyer Verger war domat net nëmmen e flott gemeinsaamt Erliefnis, mee och e wichtege Schrëtt an der Fërderung vu Partizipatioun an Eegenverantwortung.