A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – refresh my Jugendhaus

21-06-2021

De Gemeinschaftsraum an de Gaang vum Jugendhaus kruten e neie Look. E Prozess un dem sech déi Jonk vun Ufank bis zum Schluss bedeelegt hunn. Verschidde Generatioune vu Jugendlechen hunn un dësem Projet matgemaach, wat eng immens flott Dynamik tëschent déi méi alen a méi jonke Jugendlechen erméiglecht huet.

Duerscht usträiche  kruten si Méiglechkeet hiert Jugendhaus selwer ze gestalten a matzebestëmme wat fir eng Faarf a Dekoratioun benotzt soll ginn. Sou entsteet Identifikatioun mam Jugendhaus.