A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Projet Inter-Rail

31-07-2026

Am Kader vun engem partizipative Projet hunn d’Jugendlecher aus dem Jugendhaus Bouneweg eng Interrail-Rees geplangt, organiséiert an erfollegräich ëmgesat. Vun Ufank un hunn d’Participanten eng aktiv Roll iwwerholl an d’Verantwortung fir hire Projet matgedroen. Fir d’Rees ze finanzéieren, hu si sech mat vill Engagement un ënnerschiddleche Verkafsaktioune bedeelegt. Si hunn ënner anerem op verschiddene Festivaler gegrillt, Pannecher a Zockerwatt op Eventer verkaaft an nach vill aner Aktiounen organiséiert. Doduerch hunn d’Jugendlecher net nëmmen d’Sue fir hir Rees gesammelt, mee och geléiert, wéi wichteg Zesummenhalt, Ausdauer an Engagement sinn. Wärend dësem Prozess hu si hir organisatoresch Fäegkeeten, hir Kommunikatioun an d’Teamaarbecht weiderentwéckelt. Gläichzäiteg hu si erlieft, datt ee gemeinsam definéiert Ziler duerch eegenen Asaz erreeche kann.

 

Den Ofschloss vum Projet war d’Interrail-Rees. D’Grupp ass mam Zuch vu Lëtzebuerg op Wien gereest, wou si dräi Deeg verbruecht huet. Dono ass d’Rees op Roum weidergaangen, wou d’Jugendlecher d’Méiglechkeet haten, eng nei Kultur, historesch Plazen an den Alldag vun enger europäescher Haaptstad kennen ze léieren. Als lescht Etapp ass d’Grupp op Nice gereest, wou si de Projet a gemeinsamer Atmosphär ofgeschloss huet. Wärend der ganzer Rees stoungen Autonomie, géigesäitege Respekt an d’Iwwerhuele vu Verantwortung am Mëttelpunkt. D’Jugendlecher hunn hir sozial Kompetenzen gestäerkt, nei Erfarunge gesammelt an hiren Horizont erweidert. De Projet huet gewisen, datt partizipativ Jugendaarbecht de Jonken d’Méiglechkeet gëtt, iwwer sech erauszewuessen an nohalteg Kompetenze fir hiert weidert Liewen z’entwéckelen.