A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Projet Dubai

14-09-2021

D’Jugendlecher vum Jugendhaus Bouneweg waren dëse Summer an der Kolonie zu Dubai. An dem Prozess, wou sech déi Jonk laang engagéiert hunn, ass eng flott Gruppendynamik an eng Identifikatioun mam Jugendhaus entstanen. D’Rees selwer war immens beräicherend fir d’Grupp, virun allem an d’Beräicher vun der Perséinlechkeetsentwecklung (zum Beispill Verantwortung iwwerhuelen a Kommunikatioun) an Allgemengwëssen (zum Beispill Hannerfroe vu Virurteeler awer och Mënscherechter an Ëmweltproblematik).