A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Projet Cap-Vert

10-11-2021

Déi éischt Phase vum Projet Cap-Vert, wou déi Jugendlech a Erzéier eng Sammelaktioun lancéiert haten, ass mat ganz vill Succès op een Enn gaangen. Et goufen 3 Bidone voller Kleeder an artistesch Material gefëllt, wou als Don am Jugendhaus ukomm sinn. Et waren sou vill Donen erakomm, dat Jugendhaus nach ee leschte Bidon bestallt a gefëllt huet, fir an de Cap-Vert ze schécken. Fir déi Jugendlech war dat eng ganz valorisante Experience sech fir aner Mënschen anzesetzen. Wéi de Projet weidergeet, gëtt mat de Jugendlech an enger nächster Jugendversammlung decidéiert.