D’Jugendhaus huet zesumme mat der Sectioun Präventioun vun der Police een informativen Owend fir eis Jugendlech organiséiert. Hei goufen wichteg Themen ugeschwat, wéi zum Beispill wéi ee sech am Alldag effektiv schütze kann. D’Police huet erkläert, wat ee maache soll, wann een Zeien vun engem Verbriechen oder engem Delikt gëtt. Och Drogenpräventioun an d’Vermeidung vu Problemer am Allgemengen stoungen am Mëttelpunkt. Den Owend soll de Jugendlechen hëllefen, sech méi sécher a verantwortungsbewosst am Ëmfeld ze beweegen. Den flotten Austausch huet bal 3 Stonnen gedauert.