D’Samschde war déi national Porte Ouverte vun de Jugendhaiser an d’Jugendhaus Bouneweg hat ënnert anerem Besuch vum Educatiouns-Minister Här Claude Meisch, vun der Buergermeeschtesch Madame Lydie Polfer an vun Vertrieder vun Inter-Actions. D’Jugendlecher haten sou déi valorisante Geleeënheet hir Jugendhaus ze weisen an een opschlossräichen Austausch ass tëschent hinnen an d’Politiker entstan. Verschidden interesséiert Eltere sinn och fir d’Porte Ouverte komm.