A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – PICelectroNIC

25-04-2026

De Festival PICelectroNIC am Park 2026 bitt e besonnesche Kader, fir kulturell Bildung a Partizipatioun vu Kanner a Jugendlechen erlieftbar ze maachen. Et ass en oppent a gratis Evenement mat Concerten, Workshops, Installatiounen a kënschtleresche Performancen, dat kreativ Ausdrocksforme gezielt fërdert.

 

Am pädagogesche Kontext vum Jugendhaus Bouneweg stellt esou e Festival eng wäertvoll Léierëmwelt duer, an där informell Bildungsprozesser stattfannen. Eng konkret Form vun dëser Partizipatioun war de Verkafsstand, deen d’Jugendlech selwer organiséiert hunn. Si hunn do Panecher an Zockerwatt verkaaft, fir hiert eegent Projet ze finanzéieren. Duerch dës Initiativ hu si net nëmme praktesch Erfarungen am Ëmgang mat Suen an Organisatioun gesammelt, mee och e staarkt Gefill vun Eigenverantwortung entwéckelt.