Jugendlecher vum Jugendhaus Bouneweg hunn um Festival Together deelgeholl, dat vun eise Kolleegen aus dem Jugendhaus Amigo organiséiert gouf. Mat enger Grpp vun 12 Jugendlecher ware sie aktiv um Fest bedeelegt. Schonn den Dag virdrun hunn sie selwer Kichelcher a Brownies gebak an domat d’Preparatioune mat an d’Hand geholl. Nieft hirem Engagement um Stand hunn si och bei de Spiller vum Festival matgemaach a sech an dat gemeinsamt Erliefnes abruecht. Duerch Präsenz vun all den Jugendlecher aus den verschiddenen Jugendhaiser gouf Jugendpartizipatioun konkret siichtbar a fir d’Visiteuren erliefbar.