D’Jugendhaus Bouneweg huet dëst Joer beim « Nuit du sport » matgemaach. Trainerin Marisa a puer Jugendlecher hunn ee Muay Thai – an ee Sumo-Atelier organiséiert. Et hunn ganz vill Leit déi zwee Ateliere besicht ; vu ganz kléng Kanner bis Erwuessener hate Spaass beim Ausprobéieren. Et war gläichzäiteg eng gutt Reklamm fir d’Jugendhaus am Quartier.