Am Jugendhaus ass an de leschte Méint eng nei Generatioun vu jonke Jugendlechen tëscht 12 an 14 Joer dobäi komm. Dës Entwécklung ass ganz wichteg, well grad an deem Alter d’Jugendlech Plaze brauchen, wou si sech sécher, respektéiert a gutt opgehuewe fillen. Am Jugendhaus kréien si d’Méiglechkeet, sozial Kontakter opzebauen, sech auszetauschen an sech perséinlech weiderzëentwéckelen. E wichtege Grond fir dëse positive Succès ass déi oppen an zougänglech Präsenz vum Personal, déi en oppent Ouer fir d’Jugendlech hunn. Déi agreabel an entspaant Atmosphär am Jugendhaus dréit dozou bäi, datt déi Jonk sech séier wuel fillen a gär zeréckkommen. Gläichzäiteg gouf vill Wäert op eng gutt Vernetzung mat de Schoulen an der Maison Relais Verger geluecht, fir de Kontakt mat de Jugendlechen an hire Familljen ze stäerken. Duerch dës enk Zesummenaarbecht konnt Vertrauen opgebaut ginn an d’Jugendhaus ass méi visibel fir déi jonk Altersgrupp ginn. Déi Jonk fille sech eescht geholl a kënnen aktiv um Liewen am Jugendhaus deelhuelen. Sou entwéckelt sech eng positiv Dynamik, déi d’Integratioun an d’Wuelbefanne vun de Jugendlechen an der Gemeng ënnerstëtzt.