Am Kader vum Projet KUBIK (Kulturelle Bildung in Kooperation) huet en Aarbechtstreffen zu Lëtzebuerg stattfonnt. Dobäi koume Participanten aus Lëtzebuerg, Däitschland an Éisträich zesummen, fir sech iwwer kulturell Bildung auszetauschen an hir Zesummenaarbecht ze stäerken. Den Austausch huet haaptsächlech am Jugendhaus Bouneweg stattfonnt. Ent zentral Roll hunn dobäi siwe Jugendlecher aus dem Jugendhaus gespillt. Hir Partizipatioun war e wichtege Bestanddeel vun der Organisatioun, notamment beim Catering. Duerch hir Präsenz an hiren aktiven Asaz hunn déi Jugendlech dem Treffen eng authentesch a lieweg Dimensioun ginn. D’Participante konnten esou direkt materliewen, wat Engagement a Partizipatioun am Alldag vun engem Jugendhaus bedeiten.